About Us – Luxembourg
E T T W
Europäer an der Welt dobaussen
Europa vun haut ass méi wéi d’Zomm vun den 28 Memberstate vun der Europäescher Unioun an de Staten un hire Grenzen. Dozou gehéiert och déi europäesch Diaspora déi iwwer d’ganz Welt verstreet ass, zesummen 80 Millioune Leit, vergläichbar mat der Bevëlkerung vum Stat mat de meeschten Awunner aus der EU. Dës Diaspora gëtt awer leider net behandelt wéi all déi aner europäesch Bierger.
Dacks kënne si net hir fundamental demokratesch Rechter ausüben: d’Recht ze wielen oder d’Recht bei den Europawalen ze kandidéieren, d’Recht zwou oder méi Nationalitéiten ze hunn, d’Recht op juristesch Protektioun wann se ausserhalb vun der Europäescher Unioun liewen.
ETTW – Europeans throughout the World / Europäer uechter d’Welt – ass gegrënnt gi fir sech ëm déi Problematik ze bekëmmeren. ETTW ass eng pan-europäesch Daachorganisatioun vu nationalen an anere Verbänn, déi sech duerfir asetzt, d’Liewe vun den Europäer an den Drëttlänner, wou ëmmer si liewen, ze verbesseren. Eise Motto heescht: Matenee schaffen fir matenee ze gewannen!
Zur Zäit schaffe mir mat den EU-Institutiounen zesummen a beroden si iwwer Initiativen, déi zu Gonschte vun Europäer an Drëttstate kënne geholl ginn. Mir hunn och Kontakt mat aneren europäeschen an internationalen Organisatiounen, déi sech mat deene selwechte Problemer befaassen.
Mir stinn am enke Kontakt mat ville Fuerschungsinstituter an an ausserhalb vun der EU, mir wëlle vun de Resultater vun hirer Recherche op dësem Gebitt profitéieren.
Mir leeë besonnesche Wäert op déi Erausfuerderungen, déi sech jonken europäesche Bierger an der Diaspora stellen.
Mir wëllen eng echt pan-europäesch Organisatioun ginn. Duerfir brauche mir aktiv Memberen an allen europäesche Länner, grouss oder kleng, an oder ausserhalb vun der EU. Organisatiounen an eenzel Persoune si wëllkomm.
Op eiser neier Internetsäit gitt Dir méi gewuer iwwer ETTW a wéi Dir kënnt Member ginn: www.euromonde.eu.
Dir kënnt och direkt mat eis Kontakt ophuelen: niels@euromonde.eu
Niels Jørgen Thøgersen
President vun ETTW